Spiridon aux 20km de Bruxelles - Informations utiles

Photo officielle des 20km de Bruxelles Foto vun Photo officielle des 20km de Bruxelles



09 May 2018

Hei nach e puer Informatiounen fir déi 20 Km Bréissel den 26/27 mai 2018.

Rdv den 26 mai vun 7h30 un an der Stad op der Gare fir beim Oberweis. Den Zuch fiert ëm 8h10.

Arrivée laut Fahrplang ëm 11h08 op Bruxelles-Schuman. No der arrivée kënne mir direkt am Hòtel anchecken (mir hun early check-in 10:00 H an och late check out 18:00 H). E Metrosticket AR kréie mir och nach vum Hôtel Thon.

Duerno gin ech dann Dossarde sichen an de Rescht vum Daag steet zu äerer freier Verfügung (kënnen och nach ëppes aneschtes op der Plaz ofman).

Muerges get e Buffet den "adapté à des activités sportives ass" .

Déi aner Infoen stungen schon an dem eischten Bréiw (eischten départ vun der course 10h00, Heemrees 18h52 oder vielleicht och eng Stonn eischter).

Wëll den Hôtel eng "liste d'attribution des chambres" bis den 12 wëll hun géif ech iech bieden mir dat an ärer Aentfert matzedeelen.

Déi définif Praisser wären dann déi hei:

Eenzelzëmmer mat Zuch 2 classe 135 € fir de Clubmember an 160 € fir net Clubmemberen.

Duebelzëmmer 85€/110€ pro Persoun.

Dreifachzëmmer 75€/100€ pp.

Familienzëmmer 4 Leit 65€/90€ pp.

Wat elo d'enfants accompagnés ënner 12 Joer um trajet Letzebuerg-Bréissel ugeet esou gesait et um Site derno aus wéi wann déi gratis wieren (http://www.cfl.lu/espaces/voyageurs/fr/Documents/Billets-Abonnements/BENELUX_ENFANTS_ACCOMPAGNES_18_04_09_inet.pdf) (Abdel a Luc ech losse mir dat nach eng Kéier bestätegen). Dir kënnt also 32€ pro Kand ofhaalen.

Fir all déi wou mir de Preis vum Dossard virgestreckt hun kommen nach eng Kéier 25 € derbai.

Falls dir interesséiert sidd fir fir an d'Eischter classe mam Zuch ze fueren da schreift dat och w.e.g. an är Aentfert. Am Billet escapade mat 3 Persouen géif dat 28€ supplément op de Kapp ausman (http://www.cfl.lu/espaces/voyageurs/de/billets-et-abonnements/billets-internationaux/belgique/escapade).

Bei weidere Froen wieren kënnt dir mech via contact@spiridon.lu kontaktéieren.

Da ging ech iech nach bieden de fällegen Reschtbetrag op eise Kont Iban Lu56 1111 2576 4109 0000 ze iwerweisen.

Jos Goebel